Veganismus an Identitéit: e puer Gedanken

Ech si viru Kuerzem iwwert en interessanten Artikel vum Déiererecht-Aktivist Tobias Leenaert gefall. Hei schreift hien iwwert d’Notzen vum Wuert “vegan” an “Veganer” a wat fir Auswierkungen dës Wieder op aner Mënschen hunn. De ganzen Artikel kann een hei liesen (op Englesch).

Déi Wieder kënnen ganz nëtzlech sinn: Wann een zum Beispill d’Menüskaart an engem Restaurant studéiert an et ass eppes als vegan markéiert muss een net nofroen an et weess een wou een drun ass. Mä et gëtt awer och eng méi schlecht Säit:

Ech gleewen datt fir d’V-Wuert, d’Nomen (“Veganismus”, “Veganer”) méi problematesch si wéi d’Adjektiv (wéi z.B. e “vegant” Iessen). D’Wierder “Veganer” an “Veganismus” si schwaarz/wäiss: entweder du bass et, oder du bass et net. […] Et seet dir vläit näischt ganz vegan ze ginn, an deem Fall interesséiert dech d’Nomen net. Och wann s du Vegetarier, Hallef-Veganer oder soss eppes bass fills du dech ausgeschloss vum Wuert “Veganer”. Du gehéiers net an déi Grupp, an dofir gehéiert “Veganismus” net zu dir.

Wat den Tobias hei wëll soen ass, datt d’Wuert “Veganismus” ofschreckend wierkt an Leit ausschléisst. Veganer ginn oft als eng separat Grupp gesinn, als Leit déi net “normal” sinn, déi net esou si wéi d’Norm.

Dëst ass komplett aneschters wann een d’Wuert als Adjektiv benotzt. Wann s du enger Persoun virschléits e vegane Plat z’iessen oder en vegant Produkt ze kafen, frees du si net fir “e Veganer ze ginn”. Jiddwereen kann eppes veganes iessen oder en vegant Produkt kafen. Et muss een kee Veganer dofir sinn.

Veganismus ass staark verbonne mat Identitéit. Wann een Veganer gëtt stinn d’Chancen grouss datt engem seng Weltanschauung sech komplett verännert. Vill Leit kréien eng ganz nei Perspektiv wéi si sech selwer an Relatioun mat Déieren gesinn. Mä seng Identitéit veränneren, dat wëll net jiddwereen. D’Resultat ass, datt een dem Veganer oft skeptesch géigeniwwer steet.

D’Wuert “Veganer” schléisst Leit aus, mä d’Adjektiv “vegan” Leit verbënnt. Et kann een e vegane Kichelchen schmaachen oder mat engem Frënd an e vegane Restaurant iessen goen an sech trotzdem net als Veganer identifizéieren. Et gëtt net verlaangt datt een sech selwer verännert. Ech fannen dat ass eng interessant Art a Weis fir doriwwer nozedenken.

Wann een de Leit de Veganismus wëll méi no bréngen, da muss een en zougänglech an uspriechbar maachen. Vegan muss “normal” a mainstream ginn.  Nëmmen déi wéinegst ginn zum Veganer iwwer Nuecht an amplaz ze verlaangen datt all Mënsch Veganer gëtt, soll een d’Leit invitéieren einfach mol eppes veganes ze probéieren – an dat ouni Drock oder Erwaardungen.

Ech hunn dat schonn oft gesot, mä et geet net dorëm perfekt ze sinn. Et ass keen alles oder näischt. All klenge Schratt ass wichteg an zielt.

Méi Gebraddels

Keen Commentaire