Meng Top 5 op YouTube

Eent vu menge Liiblings sozialen Netzwierker am Internet ass YouTube! Et ass esou flott ze gesinn, wéi kreativ Leit kënne sinn. Op YouTube boomt de Veganismus! Leider ginn et do och vill Leit, déi zimlech dogmatesch sinn an eng bestëmmten Ernährung priedegen (High Carb Low Fat, Raw Vegan, McDougall, 80/10/10 etc.). Dovu sinn ech net begeeschtert. Hei sinn defir elo meng Top 5 un vegane YouTube Kanäl, déi ech gäre kucken – ganz ouni Dogma.

5. Cooking with Plants

1452106839452

Op fënnefter Plaz ass d’Anja vun Cooking with Plants. D’Anja ass aus Australien an an senge Video’en weist hatt eis kreativ Rezepter, déi ganz ouni Ueleg auskommen. Dobäi verdäiwelt hat awer net Fett: Avokados an Nëss an allen Variatiounen kommen bei him oft zum Asaz.

4. Semper Veganis – Vegan Lifestyle & Fitness

1452106742157

D’Laura an de Jan vun Semper Veganis sinn aus Däitschland. Op hirem YouTube Kanal maachen se nieft Rezeptvideo’en och Vlogs, Food Hauls a Lifestyle Tipps. Vill Leit gesinn de Veganismus als Wee fir Ofzehuelen, mä si zwee weisen och, wéi ee bäihuele kann. D’Laura war fréier ënnergewiichteg an huet seng Gesondheet mat der richteger Ernährung a Sport nees an de Grëff krut.

3. plantbased judy

1452106715021

Dem Judy seng Video’en sinn extrem schéin ze kucken. Hatt ass aus England an huet dëst Joer réischt mat der Uni ugefang. Trotz sengem jonken Alter sinn seng Video’en richteg professionell. Op plantbased judy post hat seng Liiblingsrezepter, déi et sensationell verfilmt a mat Musek hannerluecht huet. D’Judy hält sech selwer éischter zréck an de Video’en, mä säit kuerzem traut hat sech och virun d’Kamera.

2. hot for food

1452105852143

D’Lauren an de John vun hot for food sinn eng sympathesch Koppel aus Kanada. Bei hinne steet de Goût am Mëttelpunkt an si zécken och net méi ongesond Rezepter ze produzéieren. Hir Video’en si kuerz an op de Punkt bruecht. D’Lauren huet fréier op der Tëlé geschafft an de John ass Soundspezialist. Et ass also kee Wonner datt bei dem ganze Knowhow fantastesch Video’en entsoen, déi eng Freed sinn ze kucken.

1. CherryPepper – Vivre Végane

1452105618870-2

Meng perséinlech Plaz 1 hunn sech d’Magalie an de Michel vun Cherry Pepper verdéngt. Zesumme mat hiren zwee Kanner liewen si am Alsace an si quasi en Virbild fir all vegan Famill. D’Magalie ass en Genie an der Kichen an et gëtt näischt wat et net kann. Bei him steet d’Ethik op éischter Stell, dofir kënnt bei hinnen zum Beispill kee Palmöl op den Dësch. D’Margarine ersetzt Magalie dowéinst mat Mandelmus oder Ueleg. D’Video’en sinn herrlech gemaach an et fillt een sech, wéi wann een direkt bei hinnen an der Kichen géif stoen. Si hunn vill franséisch Rezepter op hirem Kanal (häerzhaft a geséist), déi no un d’lëtzebuergesch Kichen kommen. Nieft de Rezepter, fënnt ee bei hinnen och Rezensioune vu Bicher, Food Hauls, Produkttester a Vlogs iwwert vegan Themen.

Méi Inspiratioun

Keen Commentaire