Dat brauchs du
-
500g Brockelcher
-
250g Fenchel
-
0,5 kleng rout Zwiwwel
-
1 Apel
-
frëschen Péiterséileg
-
1 Handvoll Pekannëss
-
1 Handvoll Nëss (Walnuss)
-
1 Handvoll Cranberries
Fir d'Vinaigrette:
-
2 Iessläffel Sonneblummenueleg
-
2 Iessläffel Äppelesseg
-
1 Iessläffel Ahornsyrup
-
2 Téiläffel Moschtert
-
Salz a Peffer
Esou mëss du et
- D'Brockelcher wäschen an eventuell brong Blieder an de Stronk erofschneiden. D'Brockelcher dann halbéieren an a kleng Sträife schneiden.
- De Fenschel wäschen an a véier deelen, dann a kleng Sträife schneiden.
- D'Zwiwwel reng schneiden. An de Péitelséileg kleng hacken bis een ongeféier 2 Iessläffelen zesummen huet.
- An enger klenger Schossel d'Vinaigrette uréieren a mat Salz a Peffer ofschmaachen.
- D'Geméis zesumme mat der Vinaigrette vermëschen a wann méiglech iwwer Nuecht am Frigo stoe loossen.
- Kuerz virum zerwéieren d'Nëss graff hacken an den Apel a kléng Stecker schneiden an zesumme mat de Cranberries ënner d'Zalot réieren.
Nierwäerter:
Pro Portioun:
Kalorien: 283 kcalFett: 17.4gKuehlenhydrater: 30.1gProtein: 8g