D'Miel, d'Kicherierbessenmiel, den Zocker an d'Salz zesumme mat der Hief an enger grousser Schossel mëschen.
D'Margarine an d'Sojamëllech waarm maachen a mat e bësse Vanill iwwert d'Mielmëschung schëdden.
Den Deeg kniede bis en net méi pecht. D'Schossel zoudecken an den Deeg op enger waarmer Plaz fir 30 Minutte roue loossen.
Den Deeg 1 cm déck ausrullen a mat engem Messer Sträife vun ongeféier 2-3 cm Längt schneiden. All Sträif liicht rullen an zu engem Knuet formen. D'Kniet net ze fest zoumaachen, wëll den Deeg geet nach op.
D'Kniet all op een mat Bakpabeier beluechtent Blech leeën an op enger waarmer Plaz 30 Minutte roue loossen. Esou ginn d'Verwurrelter duerno schéi lëfteg.
Frëschen Ueleg an enger Friteuse op 170°C erhëtzen. D'Kniet een nom aneren am waarme Fett op béid Säite brode bis se gëlle sinn. Déi fäerdeg Verwurrelter op engem Kichepabeier ofdrëpse loossen an nach waarm mat Zocker bestreeën.