Portiounen: 4 Portiounen

Couscouszalot mat Mandel a Granatapel

Couscouszalot mat Mandel a Granatapel

Gereechert Mandelen, säfteg Granatapelkären an eng Zitrounenvinaigrette mat Peffermënz maachen dëst zu enger méi aussergewéinlecher Couscouszalot.

Dat brauchs du

  • 200g Couscous (dréchen)
  • 50g Mandelen
  • Kären aus engem hallwen Granatapel
  • Jus vun annerhallef Zitrounen
  • 2 Iessläffel Olivenueleg
  • 1 décken Iessläffel Peffermënz (gehackt)
  • 1 décken Iessläffel Péiterséileg (gehackt)
  • Salz a Peffer

Esou mëss du et

  1. 300ml gesalzte Waasser zum Kache bréngen an de Couscous dra schëdden. Ëmréieren an d'Dëppe vun der Kachplack huelen. Op d'Säit stellen a komplett kal gi loossen.
  2. D'Mandele graff hacken an an enger dréchener Pan e puer Minutte réischteren. Oppassen datt d'Nëss net ubrennen.
  3. Fir d'Vinaigrette den Zitrounejus, Olivenueleg an d'Kraider zesumme réieren. Mat Salz a Peffer ofschmaachen.
  4. De kale Couscous mat enger Forschette oplackeren an an eng grouss Schossel schëdden. D'Vinaigrette, d'Mandelen an d'Granatapelkäre mat ënnerréieren.

Nierwäerter:


Pro Portioun: Kalorien: 350 kcalFett: 14gKuehlenhydrater: 48gProtein: 10g